Événements

 
There is no planet "B" - Meeting

MESA et wandel.BAR

Vendredi 21 Septembre 2018, 19:00 - 21:00

Dest as eng Versammlung fir Menschen déi drun interesseiert sin zesummen aktiv fir eng méi nohalteg Gesellschaft ze gin. Lëtzebuerg verbraucht weltwait déi meeschten Ressourcen pro Kapp an et briicht een 8 Äerden wann jiddereen esou géif liewen. Well mer awer just eng Äerd hun gin et emmer méi Lait déi hiren ökologeschen Foussofdrock wellen verbesseren. An daat hei as eng Geleegenheet daat zesummen ze maachen, zesummen ze iwerleen waat een alles kann beweegen an Richtung esou ze liewen wéi wann et just eng Äerd géif gin. D'Iddi zu deser Versammlung as op der Sait There is no planet "B": https://www.facebook.com/groups/2073966716186836/ entstannen, eng super Grupp fir jidereen deen sech fir dest wichtegt Thema interesseiert.

D'Versammlung as an 2 gedeelt, déi eischt Stonn schwätzen mer driwer waat fir Do-it-Yourself Workshops een kinnt/sollt zesummen organiséieren an dono wellen mer driwer schwätzen waat een doriwer eraus nach kinnt maachen dass sech hei zu Lëtzebuerg eppes beweegt.

Jiddereen as wellkomm awer mellt aerch w.e.g un vir dass ech wees op genuch Plaz as.

https://www.facebook.com/events/2107106219617686/

 


planet_b.jpg
Contact:

Web : www.transition-minett.lu


 
Lieu  :
MESA, Maison de la Transition
1, rue du Moulin LU- Esch-sur-Alzette
 

Share this post /Partager

Submit to FacebookSubmit to Google PlusSubmit to TwitterSubmit to LinkedIn

Retour