Info’en

Info’en zur almina.lu Websäit

Ob Almina.lu – Netzwierk für den Austausch vun alternativen Informatiounen an der Groussregioun Lëtzebuerg – fannt dir Informatiounen iwwert nohalteg Entwécklung, perséinlech Entwécklung, Wuelbefannen, Bio, Ökologie, Ëmwelt, Spiritualitéit asw. mat engem Kalenner vun Events. Konferenzen, Coursen, Formatiounen asw., déi zu Lëtzebuerg an an der Ëmgéigend stattfannen, engem Verzeechnes vun Therapeuten, gudden Adressen (Biobutteker, biologesch an/oder vegetaresch Restaurant’en asw.), Vereenegungen asw. an der Groussregioun Lëtzebuerg a villen Informatiounen vir eng harmonesch Entwécklung vun eis all.

Dir kënnt Iech esou um Lafenden halen wat an der Regioun stattfënnt, nei Horizonter entdecken, ob enger Websäit zesummegefaasst fannen wat soss ob villen Plazen verstreet ass, Är Aktivitéiten bekannt maachen a villäicht Läit kenne léieren déi änlech Interessen hunn.

Dir kënnt d’gratis Newsletter vun der Websäit, mat der Aktualitéit vun Events, Cours’en, Konferenzen, Formatiounen an aner Informatiounen, abonéieren.
Wann Iech dës Websäit gefällt, dann roden ech Iech, se als Lieszeechen ze setzen, vir se einfach erëm ze fannen, oder se ob d’Startsäit vun Ärem Browser ze setzen.

Ech hun d’Websäit almina.lu 2017 erstallt (an 2024 komplett nei erstallt), mam Zil, ob enger Plaz Informatiounen iwwert nohalteg Entwécklung, perséinlech Entwécklung, Wuelbefannen, Bio, Ökologie, Emwelt, Spiritualitéit asw. vir d’Groussregioun Lëtzebuerg ze gruppéieren.

Zéckt net vir mech ze kontaktéieren wann dir Virschléi oder Commentairen hutt, oder wann der Feeler ob der Websäit gesitt. Dir kënnt mech per Email kontaktéieren: (ech schwätzen Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.)

Ech wënschen iech vill Spas ob dëser Websäit, an hoffen dass se zu interessanten Entdeckungen féiert,

Mireille Dondlinger

Tarifer

D’Benotzung vun der Websäit, och d’Androen vun Veranstaltungen an de Kalenner an vun Einträg an d’Verzeechnes, sin gratis.

Ech hunn decidéiert keen Tarif vir d’Benotzen vun der Websäit ze froen (ausser vir eng Annonce ënnert “Annoncen vum Mount” ze setzen), vir dass méiglechst vill Léit vum Site profitéieren kënnen, an och, wëll et schwiereg ass an Tarif festzesetzen déi vir jiddereen “fair” ass (Den Budget vir sech bekannt ze machen, ass net deen Nämmlechten vir een deen eng kleng Niewenaktivitéit huet, vir a Veräin, oder vir eng grouss Entreprise …)
Dofir schloen ech vir, dass dir a Beitrag maacht, vun engem Montant, deen am Verhältnis zu deem steet wat d’Websäit Iech bréngt, a wat dir Iech leeschten kënnt.
Vir a Beitrag ze maachen oder méi doriwwer gewuer ze gin, klickt hei.

Annoncen vum Mount

Vir méi Visibilitéit proposéieren ech “d’Annonce vum Mount”
Annonce ob der Startsäit vun der Websäit wärend 1 Mount: €20
Annonce ob der Startsäit vun der Websäit wärend 3 Méint: 50€,
Annonce an der Newsletter (gëtt per Email verschéckt), 1 Mol: 30€.
Nodeem dir d’Annonce vum Mount agereecht hutt, kritt Dir (innerhalb vun 24 Stonnen) eng Email mat den Info’en vir ze Bezuelen (Virement, Payconiq, Paypal oder Kreditkaart)

Service : Einträg vir Iech drasetzen

Wann dir wëllt dass är Veranstaltungen oder Einträg ob almina.lu sin, mä Dir keng Zäit oder Loscht hutt vir se sëlwer drop ze setzen, kann ech dat vir Iech maachen :
vir 10 € vir eng Veranstaltung an 20 € vir an Eintrag an d’Verzeechnes
(degressiv Präisser bei méi Einträg).
Schéckt mer eng Email ob Wann dir vun dësem Service wëllt gebrauch machen.

Themen vun der Websäit

Beispiller vun ob der Websäit akzeptéiert Themen: nohalteg Entwécklung, Do-it-yourself, Tauschsystemer, Bioprodukter, lokal Produkter, alternativ Therapien, Wuelbefannen, Reflexzonenmassage, Shiatsu, Yoga, Meditatioun, Geobiologie asw. (onkomplett Lëscht).

Gin net méi ob der Websäit akzeptéiert : Energiebehandlungen (wéi Reiki, Access Bars asw.), Hypnose asw. (onkomplett Lëscht). De Grond dofir ass dass déi an dësen Beräicher ugebueden Therapien/Behandlungen a villen Fäll net hëllefräich oder esouguer schiedlech kënne sin. Ech entschëllegen mech bei deenen déi aus dësem Grond vun der Websäit ausgeschloss gin, obwuel se nëtzlech Behandlungen ubidden, mä ech ka leider net all Fall eenzel analyséieren.

Ech behale mir d’Recht vir, vir an Eintrag deen menger Meenung no net am Sënn vun der Websäit ass, net ze verëffentlechen, ouni mech dofir rechtfäerdegen ze missen.

Richtegkeet vun den Informatiounen

Die verschiedenen Informationen auf der Website dienen nur zu Informationszwecken, damit Sie Veranstaltungen, Nachrichten usw. auf derselben Website finden können. Es ist möglich, dass eine Veranstaltung nach ihrer Veröffentlichung auf almina.lu abgesagt, das Datum oder der Ort geändert wurde. Überprüfen Sie daher immer die Websites der Veranstalter auf Richtigkeit und Aktualität, bevor Sie eine Veranstaltung besuchen.
Wenn Sie Organisator einer Veranstaltung sind, denken Sie bitte daran, Ihre Veranstaltungen auf almina.lu zu ändern, falls sich Änderungen ergeben.
Die Tatsache, dass die von einem Inserenten eingegebenen Informationen auf der Website veröffentlicht wurden, bedeutet nicht, dass ich deren Inhalt billige. Der Inserent bleibt allein verantwortlich für den auf der Website veröffentlichten Inhalt.
Obwohl ich mich bemühe, Ihnen möglichst genaue Informationen zur Verfügung zu stellen, kann ich nicht garantieren, dass die bereitgestellten Informationen korrekt und aktuell sind.
Bitte teilen Sie mir mit, wenn Sie Fehler auf der Website bemerken, und zögern Sie nicht, mir Ihre Vorschläge, Bemerkungen, Kommentare usw. zukommen zu lassen. Sie können mich per E-Mail kontaktieren:

Haftungsausschluss: Die auf den verschiedenen Seiten dieser Website enthaltenen Informationen werden nur zu Informationszwecken bereitgestellt. Obwohl ich mich darum bemühe, dass die auf dieser Website veröffentlichten Informationen korrekt und aktuell sind, werden sie ohne jegliche Garantie gegeben. Ich übernehme keine Haftung für etwaige Fehler, Ungenauigkeiten oder Auslassungen in diesen Informationen. Das Gleiche gilt für Seiten, die Hypertext-Links oder Redirect-Links enthalten, für die ich in keiner Weise für die darin enthaltenen Informationen verantwortlich gemacht werden kann. Ich übernehme keine Verantwortung für die Interpretation der auf dieser Website enthaltenen Informationen durch Sie. Ich übernehme keine Garantie für die Erreichbarkeit der Website, die den allgemeinen Bedingungen des Internetverkehrs unterworfen ist.