Almina.lu ënnerstëtzen

Almina.lu ënnerstëtzen

Ech hunn decidéiert keen Tarif vir d’Benotzen vun der Websäit ze froen (ausser vir eng Annonce ënnert “Annoncen vum Mount” ze setzen), vir dass méiglechst vill Léit vum Site profitéieren kënnen, an och, wëll et schwiereg ass an Tarif festzesetzen déi vir jiddereen “fair” ass (Den Budget vir sech bekannt ze machen, ass net deen Nämmlechten vir een deen eng kleng Niewenaktivitéit huet, vir a Veräin, oder vir eng grouss Entreprise …)

Dofir schloen ech vir, dass dir a Beitrag maacht, vun engem Montant, deen am Verhältnis zu deem steet wat d’Websäit Iech bréngt, a wat dir Iech leeschten kënnt.

Ich kann Iech eng Rechnung schécken vir ären Beitrag. Wann der eng Rechnung wëllt, sot mer dat w.e.g. per Email an gitt mer och den Numm an d’Adress déi soll ob der Rechnung sin.

Zur Info: wann dir d’Iwwerweisung oder Payconiq wielt, hunn ech keng Kontaktinformatiounen vun Iech vir iech kënnen Merci ze soen. Gitt w.e.g. är Email-Adress oder aner Kontaktdaten an d’Kommunikatiounsfeld oder schreift mer eng Email un mam Betreff “Beitrag almina”. Merci !

Ech soen Iech am viraus villmools vir ären Beitrag den mer et erméiglecht dës Websäit ze bedreiwen 🙂
 

Dir kënnt almina.lu och ënnerstëtzen andeems Dir:

den Link https://www.almina.lu un är Frënn weiderleet

d’ Newsletter vun almina.lu abonnéiert

instagram instants.mireille suivéiert an d’Beiträg liked, deelt an kommentéiert)

facebook almina.lu suivéiert, eng Bewertung maacht, d’Beiträg liked, deelt an kommentéiert)

den Link https://www.almina.lu ob är Websäit oder ären Blog setzt