Meng Einträg verwalten

Meng Einträg verwalten

Veranstaltungen (gratis)

Veranstaltungskalenner: Dat sin Cours’en, Workshop’en, Konferenzen, Formatiounen, Foiren, Mäert, Festival’en, Porte Ouverte’en asw., déi un engem bestëmmten Datum statfannen.

Info: Wann der zum Beispill a Cours hutt, deen all Woch während engem Trimester stattfënnt, gitt w.e.g. nëmmen den Datum vum éischten Cours an (vir den Kalenner net ze iwwerlueden)

Einträg am Verzeechnes (gratis)

Dir kënnt hei eng allgemeng Präsentatioun vun ärer Aktivitéit oder ären Aktivitéiten agin, mat Kontaktinformatiounen an engem Link zu ärer Websäit an/oder ären sozialen Medien

Info: Verzicht am Beschten ob punktuell Informatiounen (déi schnell net méi aktuell sin), wéi z. B. “Yogacours Dënschdes um 7 Auer”, mä schreift einfach “Yogacours” mat engem Link ob är Websäit oder är sozial Netzwierker oder eng E-Mail-Adress.

Annonce vum Mount

Vir besser gesinn ze gin : mat d’Promotioun vun ärer Aktivitéit am Allgemengen oder vun enger Veranstaltung.

Annonce ob der Startsäit vun der Websäit wärend 1 Mount: 20 €, wärend 3 Méint 50 €,
Annonce an der Newsletter (gëtt per E-Mail verschéckt), 1 Mol: 30€.

Info: Nodeem dir är “Annonce vum Mount” opginn hutt, kritt dir (innerhalb vun 24 Stonnen) eng E-Mail mat den Informatiounen vir ze Bezuelen (Virement, Payconiq, Paypal oder Kreditkaart).

Themen vun der Websäit

Beispiller vun ob der Websäit akzeptéiert Themen: nohalteg Entwécklung, Do-it-yourself, Tauschsystemer, Bioprodukter, lokal Produkter, alternativ Therapien, Wuelbefannen, Reflexzonenmassage, Shiatsu, Yoga, Meditatioun, Geobiologie asw. (onkomplett Lëscht).

Gin net méi ob der Websäit akzeptéiert : Energiebehandlungen (wéi Reiki, Access Bars asw.), Hypnose asw. (onkomplett Lëscht). De Grond dofir ass dass déi an dësen Beräicher ugebueden Therapien/Behandlungen a villen Fäll net hëllefräich oder esouguer schiedlech kënne sin. Ech entschëllegen mech bei deenen déi aus dësem Grond vun der Websäit ausgeschloss gin, obwuel se nëtzlech Behandlungen ubidden, mä ech ka leider net all Fall eenzel analyséieren.

Ech behale mir d’Recht vir, vir an Eintrag deen menger Meenung no net am Sënn vun der Websäit ass, net ze verëffentlechen, ouni mech dofir rechtfäerdegen ze missen.

Tarifer

D’Benotzung vun der Websäit, och d’Androen vun Veranstaltungen an de Kalenner an vun Einträg an d’Verzeechnes, sin gratis.

Ech hunn decidéiert keen Tarif vir d’Benotzen vun der Websäit ze froen (ausser vir eng Annonce ënnert “Annoncen vum Mount” ze setzen), vir dass méiglechst vill Léit vum Site profitéieren kënnen, an och, wëll et schwiereg ass an Tarif festzesetzen déi vir jiddereen “fair” ass (Den Budget vir sech bekannt ze machen, ass net deen Nämmlechten vir een deen eng kleng Niewenaktivitéit huet, vir a Veräin, oder vir eng grouss Entreprise …)
Dofir schloen ech vir, dass dir a Beitrag maacht, vun engem Montant, deen am Verhältnis zu deem steet wat d’Websäit Iech bréngt, a wat dir Iech leeschten kënnt.
Vir a Beitrag ze maachen oder méi doriwwer gewuer ze gin, klickt hei.

Annoncen vum Mount

Vir méi Visibilitéit proposéieren ech “d’Annonce vum Mount”
Annonce ob der Startsäit vun der Websäit wärend 1 Mount: €20
Annonce ob der Startsäit vun der Websäit wärend 3 Méint: 50€,
Annonce an der Newsletter (gëtt per Email verschéckt), 1 Mol: 30€.
Nodeem dir d’Annonce vum Mount agereecht hutt, kritt Dir (innerhalb vun 24 Stonnen) eng Email mat den Info’en vir ze Bezuelen (Virement, Payconiq, Paypal oder Kreditkaart)

Service : Einträg vir Iech drasetzen

Wann dir wëllt dass är Veranstaltungen oder Einträg ob almina.lu sin, mä Dir keng Zäit oder Loscht hutt vir se sëlwer drop ze setzen, kann ech dat vir Iech maachen :
vir 10 € vir eng Veranstaltung an 20 € vir an Eintrag an d’Verzeechnes
(degressiv Präisser bei méi Einträg).
Schéckt mer eng Email ob Wann dir vun dësem Service wëllt gebrauch machen.