Événements

 
Mam Vëlo vu Miersch/Diddeleng an d'Stad

VELO Diddeleng et ProVelo.lu

Mardi 21 Septembre 2021, 06:45
Dëst Joer gëtt et eng Première!
ProVelo luet an Zesummenarbescht mat VELO Diddeleng an, am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, zesumme mam Vëlo souwuel vun der Mierscher Gare wéi och vun der Diddelenger Gare Bireng op d'Place Guillaume an der Stad ze fueren.
Notzt dës Geleeënheet an fuert den Dënsten de 21. September mat eis mam Vëlo op d'Schaff. Komm mir weisen datt de Vëlo am Alldagsverkéier seng Plaz huet!
Mir fueren déi 20km vu Miersch an d'Stad iwwert d'Vëlospistë PC15 a PC1. Dir kënnt selbstverständlech op all Punkt vun der Streck eran oder erausklammen.
Zäitplang:
Start: Mierscher Gare : 6:45
Gare Lëntgen : 7:00
Luerenzweiler (Nei Aarbecht) : 7:15
Walfer (Centre Prince Henri) : 7:35
Ziel: Place Guillaume/Knuedler : 8:15
Déi 23km vun Diddeleng an d'Stad fueren mir zum Deel iwwert d'Strooss, zum Deel iwwert regional an national Vëlospisten. Och hei kënnt dir selbstverständlech op all Punkt vun der Streck eran oder erausklammen.
Start: Gare Dudelange-Burange : 6:45
Bettembourg Kiersch : 7:05
Gare Bierchem (Westlech Sortie) : 7:20
Hesper Park (beim Weier) : 7:40
Ziel Place Guillaume/Knuedler : 8:15
Um Ziel ukomm spendéiert Stad Lëtzebuerg en Kaffi an ee Croissant!
--------------------------------------------
Pour promouvoir le vélo comme moyen de transport au quotidien, même sur des distances un peu plus importantes, ProVelo invite, dans le cadre de la semaine européenne de la mobilité et en collaboration avec VELO Diddeleng, à parcourir le trajet de la gare de Mersch/ Dudelange-Burange jusqu’à la Place Guillaume au centre de la ville de Luxembourg.
Profitez de l’occasion et rejoignez-nous le mardi, 21 septembre, pour aller ensemble au travail à vélo. Montrez l’importance du vélo au quotidien !
Pour le trajet Mersch-Luxembourg nous utiliserons les deux pistes cyclables nationales PC1 et PC15, sur une distance de 20 km. Vous pouvez évidemment participer à partir de n’importe quel point du parcours jusqu’au point de votre choix.
Départ: Mersch-Gare : 6h45
Lintgen-Gare : 7h00
Lorentzweiler (Nei Aarbecht) : 7h15
Walferdange (Centre Prince Henri) : 7h35
Arrivée Place Guillaume/Knuedler : 8h15
Pour le trajet Dudelange-Luxembourg:
Départ: Dudelange-Burange Gare : 6h45
Bettembourg Église : 7h05
Gare Berchem (Sortie Ouest) : 7h20
Hesperange (Weier am Park) : 7h40
Arrivée Place Guillaume/Knuedler : 8h15
A l’arrivée, la Ville de Luxembourg offrira une petite collation aux participants.
 
 

velo.jpg
Contact:

Web : https://provelo.lu/


 
:

-
 

Share this post /Partager

Submit to FacebookSubmit to Google PlusSubmit to TwitterSubmit to LinkedIn

Retour