Nei Websäit almina.lu

Déi nei Websäit ass elo Online ! A ganz grousse Merci un all déi mech ënnerstëtzt hunn !

Et ass esou wäit ! Déi nei Websäit almina.lu ass Online !

Villmools Merci un all déi mech ënnerstëtzt hunn, besonnesch duerch d’Crowdfunding-Kampagne. Nëmmen duerch Är Hëllef konnt ech dës Aarbecht maachen.

Ech hoffen dass Iech d’Websäit esou gefällt. Zéckt net vir mir är Kommentaren, Ureegungen, Verbesserungsvirschléi … ze maachen, andeems dir mir eng Email op schéckt.

D’Websäit ass elo am WordPress an huet an neien, méi modernen Design. Se ass besser un d’Smartphonen ugepasst a méi benotzerfrëndlech (hoffen ech 😉 , Lëtzebuergesch gouf zu den 3 aneren Sproochen derbäi gesat, all Einträg am Verzeechnes goufen aktualiséiert, …

Dës Säit wäert sech natierlech am Laf vun der Zäit weider entwéckelen, och entspriechend ären Wënsch a Bedürfnisser. Verschidden Elementer vun der aler Websäit goufen net iwwerholl, wéi déi “Kleng Annoncen” oder d’Rubrik “Gut ze wëssen”, wëll se net vill genotzt goufen. Wann der Deeler vun der aler Websäit vermësst, sot mer Bescheed. Ech kann dann envisagéieren se erëm derbäizesetzen.

Hei a puer wichteg Informatiounen:

  • D’ Benotzerkonten sin net vun der aler Websäit iwwerholl gin. Vir Iech kënnen hei unzemellen, musst der an neien Benotzerkonto erstellen.
  • Wann et Einträg hei gëtt, déi iech gehéieren, an déi der wëllt änneren, erstellt w.e.g. vir d’Eischt hei an neien Benotzerkonto, an kontaktéiert mech dann per Email ob contact@ almina.lu, a gitt mer ären neien Benotzernumm oder Email, an den Titel vun den Einträg, déi der wëllt änneren. Ech gin Iech dann Zougang zu deenen Einträg.
  • Wann der ob der aler Websäit an Eintrag hat, deen der hei ob der neier Websäit net fannt, da läit dat dorun dass deen Eintrag net à jour war an/oder dir net ob meng Email diesbezüglich geäntwert hat,. Dir kënnt mech kontaktéieren, vir Erklärungen dozou, an vir eventuell den Eintrag ze iwwerhuelen. Dir kënnt och einfach an neien, aktualiséierten Eintrag erstellen.
  • Wann dir eng finanziell Kontributioun vir almina.lu gemat hat, kënnt der ob der Lëscht vun den Contributeuren erschéngen, an ofhängeg vun der Zomm och eng “Annonce vum Mount” ob der Startsäit vun almina.lu maachen. Ech hun Iech dozou eng Email geschéckt (falls der déi net kritt hutt, kontaktéiert mech per Email )