Crowdfunding Kampagne

Bis elo (seit dem Start den 10.10.2023) sin 1.315 € vir déi nei Website almina.lu zesumme komm ! A ganz grousse Merci dofir !

Är Ënnerstëtzung huet et mir erméiglecht, d’Websäit almina.lu ganz nei ze maachen an domat dauerhaft ze erhalen ! Déi nei Säit ass säit März 2024 online.

A ganz grousse Merci dofir !

Wann dir eng finanziell Kontributioun vir almina.lu gemat hat, kënnt der ob der Lëscht vun den Contributeuren erschéngen, an ofhängeg vun der Zomm och eng “Annonce vum Mount” ob der Startsäit vun almina.lu maachen. Ech hun Iech dozou eng Email geschéckt (falls der déi net kritt hutt, kontaktéiert mech per Email )

Dir kënnt och elo nach matmaachen oder mech weider ënnerstëtzen !

Ech hunn am Oktober 2023 eng Crowdfunding-Kampagne fir almina.lu gestart, vir dass ech d’Websäit almina.lu nei maachen an domat dauerhaft erhalen kann, se modernisieren, den Inhalt aktualisieren, Lëtzebuergesch als Sproch derbäi setzen kann, … an domat weiderhin (d’Websäit besteet säit 2011 !) jidderengem d’Méiglechkeet ka ginn, Inhalter gratis drop ze setzen an och gratis ob déi alternativ Veranstaltungen an Infos zréckzegräifen. D’Ziel ass et 2000€ vir déi nei Websäit ze recoltéieren.

Méi Infos an/oder bei der Finanzéierung matmaachen ob der Crowdfunding Plattform tipeee.com. Dir kënnt auch matmaachen oder mech weider ënnerstëtzen andeems dir ären Beitrag per Iwwerweisung, Payconiq, Kreditkaart oder Paypal maacht

Villmools Merci vir är Hëllef! Mireille