Événements

 
Youth Strike for Climate

Youth For Climate Luxembourg

Vendredi 20 Septembre 2019, 10:00 - 13:00

(English below)
Dee nächsten Streik steet fest! Mir wäerten eis um 10 Auer treffen an dat Ganzt wäert bis 1 goen. De Marsch wäert legal deklaréiert a friddlech sinn, a mat enger Kundgebung ophalen.
Méi Informatiounen bezüglech der Route an dem Zäitplang wäerten geschwënn nokommen.
Mee firwat solls du ob den Youth Strike for Climate Freides, den 20. September, kommen? Säit dem 24. Mee, den dag un deem Milliounen vun Schüler op der ganzer Welt gestreikt an protestéiert hunn, huet sech d Bedreeung duerch d Klimakris fir d Mënschheet nëmme nach vergréissert. Et konnt een dësen Summer schonn déi éischt Unzeechen vun der desastréiser Zukunft gesinn, ob déi mir am Moment zousteieren.
D Arktis brennt wärend den Permafrost schmëlzt an een vun den islänneschen Gletscher verschwonnen ass. D Optauchen vun deenen éischten Gletscher Séien dësen Summer huet d Experten zoudeifst geschockt. Iwwerall ob der Welt stierwen Mënschen entweder un Erdiischteren oder un Hongersnéit, déi duerch Verloschter an der Landwirtschaft ausgeléist ginn. Gläichzäiteg sinn Milliounen un Hektar Land verbrannt. Eis Äerd brennt!
Souguer hei zu Lëtzebuerg fänken mir un, déi éischt Effeten vun eiser Onfäegkeet vun de leschten Joren ze gesinn. Wärend vill Léit sech nach un déi terribel Iwwerschwemmungen am Mëllerdall d lescht Joer erënneren, hunn mir dëst Joer zwee schockéierend Bëschbränn ënnerhalb vun e puer Deeg gesinn. Dëst ass säit Joerzéngten net méi hei virkomm. D Anomalien am Wierder hunn sech och am freien August a Form vun engem beandrockend groussen Tornado am Süden vum Land gewisen, deen eng onfassbar Zerstéierung hannert sech gelooss huet. De Schued ass sou héich, dass d Assurancen en deelweis net bezuelen kennen an d Regierung mat Rettungsfong aspréngt. Et weist sech, dass mir alleguerten en héije Preis fir d Klimakris bezuelen mussen.
Den groussen Klima UN Sommet den 23. September 2019 ass der Mënschheet hier nächst grouss Chance, fir d Boot nach ze wenden. Wichteg Decisiounen wäerten geholl an Allianzen kreéiert ginn, wärend mir Gehéier verschafen mussen fir all Liewewiesen eng sécher an liewenswäert Zukunft ze garantéieren. Mir mussen och am Hannerkapp behalen, dass et hei em méi geet wéi eis eegen Zukunft, mee dass och d Liewen vun Milliounen vun Déieren an Mënschen um Spill steet, déi a kenger weis zur Klimakris bäidroen, mee als éischt drënner leiden, wat och lo schonn de Fall ass.
En ekologeschen Liewensstil ass e gudden Schrëtt an déi richteg Richtung, mee ännert awer net de Fait, dass den “way of life” nëmmen 25% vun eisen Emissiounen ausmëscht. Wann mir eis Welt rette wëllen, mussen déi Responsabel fir déi aner 75% d Transitioun zu enger ëmweltfrëndlecher Ekonomie duerchliewen, amplaz un der reng profitorientéierter fest ze halen.
Loosst eis hinnen all zesummen kloer maachen, dass mir Angscht em eis Zukunft hunn an vun hinnen erwaarden, dass si sech beweegen fir eppes ze änneren. Loosst eis beweisen, dass mir jonk eis fir eis Zukunft interesséieren an et eis zousteet, wéi respektéiert Memberen vun der Gesellschaft ugelauschtert ze ginn. Loosst eis hinnen weisen, dass mir eis em eist gemeinsamt doheem, eise Planéit, eis Äert suergen. Loosst eis dat all zesummen maan, als Jonker, vereenegt ob der ganzer Welt.


The next strike date is set! We will meet at 10 am, and the action will be finished at 1 pm. It is going to be a legally declared and peaceful march with a closing rally.
Further information concerning the route and timetable coming soon!
But why should you join us for the Youth Strike for Climate on Friday, 20th September?
Since the 24th of May, the day when millions of students were striking and protesting all over the globe, the threat to humanity imposed by the climate crisis has only accelerated and the first alarming signals of the disastrous future that we are heading to are beginning to show.
The Arctic is burning while the permafrost is melting, one of Iceland’s glaciers has disappeared. Experts have been shocked about the first glacial lakes that appeared this summer. People elsewhere are dying of dehydration and famines due to losses in agriculture. Simultaneously, millions of hectares of land have been burned down. Our Earth is on fire!
Even here in Luxembourg, we have started facing the first effects of our inaction.
While the memories of last year’s terrible floods in the Müllerthal are still fresh in our minds, we have seen the ravaging effects of two major wildfires within a few days. This has not happened here in decades. In early August, another sign of erratic weather was shown by a sizable tornado overrunning southern Luxembourg and leaving enormous destruction behind. The damage assessment is so enormous the insurance companies see themselves unable to pay for the wreckage, and therefore the government has promised to help the victims financially. The climate crisis has shown itself to come at a high cost for all of us.
The big climate action UN Summit, taking place on 23rd September 2019, is humanity’s next big chance to turn things around. The world leaders will take important decisions; alliances will be created, and we have to get our voices heard to guarantee a safe and liveable future for all beings.
We have to keep in mind that not only do we risk our own future, but we put in danger millions of animals and people, who are not contributing to the climate crisis, not only in future years, but at this very moment.

Living an eco-friendly lifestyle is a good start, however lifestyle contributes a mere 25% of the emissions. If we want to save the world, the ones causing the other 75% need to transition to an environmentally based economy rather than one based on growth.
Let’s tell them together, united as youths all over the globe again, that we are scared and need them to move in order to save our future! Let’s prove to them that the youth takes an interest in their future and that we are worthy of being heard and being respected as mature beings. Let’s show them we care about our only home, our planet, our earth.

https://www.facebook.com/events/496490830917167/

 


youth_strike_climate.jpg
Contact:

Web :


 
Lieu  :
Luxembourg
LU- Luxembourg
 

Share this post /Partager

Submit to FacebookSubmit to Google PlusSubmit to TwitterSubmit to LinkedIn

Retour