“Stillvorbereitungskurs” während der Schwangerschaft (DE/LB)

"Stillvorbereitungskurs" während der Schwangerschaft (DE/LB)

“Stillvorbereitungskurs” während der Schwangerschaft (DE/LB)

Initiativ Liewensufank
22/07/2026    
17:30 – 20:30
Initiativ Liewensufank Itzig
20, rue de Contern, Itzig, 5955 (Lu)
  • cours / formation

Workshop fir schwanger Frae ewéi fir Koppelen

Gutt vierbereed op d’Stëllen, virun de Bëbee op der Welt ass! Dëse Cours kann och zousätzlech zu engem Gebuertsvierbereedungscours gebucht ginn, oder och, wann e schonn e Kand huet – säi Wëssen awer erweidere wëll.

Dir sidd schwanger an hutt Interessi ze stëllen? Dir hutt villäicht vill Froen zu dem Thema oder sidd onsécher? Oder Dir wëllt einfach nëmme gutt vierbereed sinn, fir méiglech gutt starten ze kënnen? Dir hutt schon e Kand, d’stëllen hat net ideal geklappt an Dir wëllt et elo besser hikréien?
Da sidd Dir bei eis genee richteg!

No der Gebuert huet een all Hänn voll ze dinn, do ass et optimal wann e schonn am Virfeld weess wat op een duer kënnt. Dëses Cours ass virun e puer Joer entstanen, aus dem Feedback de mir aus eise Stëllberodungen an dem Notreffen vun eise Gebuertsvierbereedungscoursen kruten: “Hätt ech dat nëmmen am Viraus gewosst…” mir hunn Iech héieren 😊.
Mir weise Stëllpositiounen, beschwätze verschiddenes zum Ofpompelen, a ginn Iech vill praktesch Tipps mat op de Wee, souwuel fir de Start ewéi iwwer eng länger Stëllzäit – z.B. wann Dir d’Stëllen an d’Schaffe kombinéiere wëllt.

Méi Infos an Umeldung op: https://www.liewensufank.lu/de/cours/de-stillvorbereitungskurs/


Organisateur et/ou animateur: Initiativ Liewensufank
Contact :
Initiativ Liewensufank Itzig 20, rue de Contern, Itzig, 5955 (Lu)