Transformational Breathwork Journey

Transformational Breathwork Journey

Transformational Breathwork Journey

Nicole Goetz
10/11/2025    
18:30 – 20:30
Junglinster "An der Scheier"
7, route de Luxembourg, Junglinster, 6130 (Lu)
  • séance

Transformational Breathwork Journey
zum Thema : “Vergaangenes lassloossen”

Wenn du fliegen willst, musst du die Sachen loslassen, die dich runterziehen. – Toni Morrison

Fir am Liewe weider ze kommen, musse mir Saache kënne lassloossen.
Réischt da gi mir fräi a komme weider am Liewen.
An genau dorëms geet et bei dëser Otemrees: 
Sief fräi a looss dech net weider zréckhalen, vun dem wat dir an der Vergaangenheet passéiert ass.

Bei “Transformativen Otemreesen” gëtt eng speziell Otemtechnik benotzt, déi et erlaabt, déifsëtzend Blockaden, Gefiller a Glaawenssätz ze léisen. Vläit hues du scho villes ausprobéiert, an trotzdeem sëtzt do nach eppes an du kënns dem einfach net op d’Spuer. Esou eng Otemrees bréngt dech genau op déi Plazen an dengem Ënnerbewosstsinn, déi dir d’Liewen esou schwéier maachen. A genau do gëtt bei dëser Aarbecht opgeraumt fir datt däi Liewen méi hell gëtt.

Wat dech erwaart:
– Erlief déif Selbsterfarungen
– Fann zu déiwer Entspanung wéi s du se nach ni erlieft hues
– Spier wéi sech “fräi sinn” ufillt
– Du verbënns Kierper a Geescht mateneen
– Negativ Gefiller a Gedanke gi geléist
– Däi Selbstvertraue gëtt gestäerkt
– Du léiss al Geschichten hannert dir

Viraussetzungen: 
kierperlech a mental Gesondheet (Infoe iwwer konkret Konterindicatioune bei Interessen)

Umeldung: Per Email. Dir kritt eng Bestätegung vun Doctena an en Email vu mir als Präpartioun.

 


Organisateur et/ou animateur: Nicole Goetz
Contact :
Junglinster "An der Scheier" 7, route de Luxembourg, Junglinster, 6130 (Lu)