
Transformational Breathwork Journey: “Erwäche vun der Uerkraaft an dir”
Ladies only
Sprécht dat dech un?
Ech kann dir verspriechen, datt wann s du dech op des Journey aléiss, esou munches an dir wakreg gerëselt gëtt.
Du hues esou vill Potenzial, esou vill Ideen fir d’Zukunft, esou villes wat s du nach wëlls erliewen.
Des Otemreess, gëtt dir de néidege Ruck an déi richteg Richtung!
- Eng speziell Otemtechnik rëselt däi ganze Nervesystem wakreg
- Du kënns op eng wonnerschéi Manéier a Kontakt mam Uersprong an dir
- No der Aktivéierung fënnt däi Kierper zu déiwer Entspanung
- Du gëss dir selwer (déngem Kierper, dénge Gedanken a Gefiller) zu 100% bewosst
- Negativ Gefiller a Gedanke gi geléist
- An on Top ginn déng Stäerkten an däi Selbstvertraue obgebaut
- An dat nohalteg
Grupp: Max. 6 Persounen Präiss: 90€ Umeldung: Iwwer mäin Internetsite oder mell dech per Email. Viraussetzungen: Kierperlech a mental Gesondheet (Infoe iwwer konkret Konterindicatioune bei Interessen) Weider Informatiounen kriss du no der Umeldung.
Organisateur et/ou animateur:
Nicole Goetz
Contact :
De Kolibri Steinsel
2 montée Willy Goergen, Steinsel, 7322
(Lu)