Transformational Breathwork Journey

Transformational Breathwork Journey

Nicole Goetz
18/04/2026    
10:00 – 12:00
Junglinster "An der Scheier"
7, route de Luxembourg, Junglinster, 6130 (Lu)
  • atelier / stage

Stress lösen. Angst loslassen. – Aktivierend & transformierend

Vill vun eis droen Aussoen aus der Vergaangenheet nach ëmmer an eis. Sätz wéi „Béiss op d’Zänn!“, „Dat hues du falsch gemaach.“ oder „Du bass esou domm.“ kënnen sech déif an eisem Ënnerbewosstsinn festsetzen. Egal ob se vun Elteren, Grousselteren, Léierpersonal oder anere Bezuchspersoune komm sinn – esou Erfarunge kënnen zu Glawenssätz ginn, déi eis haut nach beaflossen.

Dës Glawenssätz kënnen Angscht, Stress oder Selbstzweifel ausléisen an eis heiansdo dovun ofhalen, eis voll Potenzial ze liewen.

An dëser Transformational Breathwork Journey schafe mir e séchere Raum, an deem du duerch eng intensiv Atemtechnik méi déif an deng bannenzeg Welt erakomme kanns. De bewossten Otem aktivéiert den Nervesystem a kann dozou bäidroen, al Emotiounen a festgesate Musteren ze erkennen an no an no ze léisen.

Nom aktive Deel vun der Atemrees kënnt de Kierper an eng Phase vun déifer Entspanung. Hei kann dat Erlieft sech setzen an integréieren.

Dës Journey kann dech dobäi ënnerstëtzen, al Glawenssätz ze hannerfroen an duerch méi ënnerstëtzend Gefiller a Gedanke ze ersetzen – e Schrëtt a Richtung méi Fräiheet, Vertrauen a Liewensfreed.

Wat dech erwaart:

* Eng kuerz Aféierung an d’Otemaarbecht an eng Virbereedung op d’Session
* Eng intensiv, aktivéierend Atemtechnik, déi ropreguléierend op den Nervesystem wierkt
* No der Aktivéierung eng Phase vun déifer Entspanung
* Zäit fir nozespieren an d’Erfarung ze integréieren

Wierkungen vun der Atemrees:

* Direkt Verbindung tëscht Kierper a Geescht
* Ënnerdréckt Gefiller weisen sech a kënnen sech no an no léisen
* Stress a bannenzeg Spannung huelen of
* Nei Perspektiven an bannenzeg Kloerheet dierfen entstoen
* Méi Fräiheet am Ëmgang mat alen Musteren
* Praktesch Informatiounen

Dauer: 1,5-2 Stonnen
Material: gëtt op der Plaz zur Verfügung gestallt
Präis: 100 €
Umeldung: Du kanns dech iwwer Doctena.lu oder per Email umellen.

Nom Umellen kriss du eng Confirmatioun iwwer Doctena. Weider Informatiounen zur Session kriss du virun der Séance per Email geschéckt.

Viraussetzungen: Fir matzemaachen ass kierperlech a mental Gesondheet wichteg. Bei verschiddene gesondheetleche Situatioune kann Breathwork net oder nëmme limitéiert gëeegent sinn. Informatiounen zu méigleche Konterindicatioune kriss du gär op Nofro.

 


Organisateur et/ou animateur: Nicole Goetz
Contact :
Junglinster "An der Scheier" 7, route de Luxembourg, Junglinster, 6130 (Lu)