
2022 gouf decidéiert den Ëmwelt-Maart zesumme mam Owes-Maart op der Maartplaz virum Gemengenhaus ze organiséieren. Op engen 30 Stänn fannen sou eis Awunner:innen Produite vun de lokalen Betriber, ëmwelt-frëndlech Produite vu regionalen Entreprisen sou wéi Informatioune vun den interkommunale Syndicaten. Déi éischt Editioun vum dësem gemeinsame Maart war e richtegen Erfolleg!
Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens an enger flotter summerlecher Atmosphär gesuergt, an dat mat flotter Dekoratioun a Beliichtung. Eng Museksgrupp suergt all Joers fir gutt Stëmmung an et ginn Animatiounen fir Kanner ugebueden.
Zanter 2024 ass den Owes- an Ëmwelt-Maart an de Park hannert dem Gemengenhaus geplënnert.
Déi nächsten Editioun ass Freides, den 4. Juli 2025, vun 17:00 bis 24:00 Auer.
Um Programm:
18:00 Auer: Ensemble musical vun der Stengeforter Grondschoul
20:00 Auer: Faye and the Mockingbirds
21:30 Auer: D’Paltongszéier
Klengen Tipp: Denkt w.g.l. drun Är Öko-Tuut matzebréngen fir Är Akeef!
Transport: Mir bieden Iech wa méiglech op den ëffentlechen Transport zeréckzegräifen.
Kommt a verbréngt e gemittlechen an ëmweltfrëndlechen Owend bei eis zu Stengefort!
https://www.steinfort.lu/culture-et-loisirs/evenements-communaux/owes-an-emwelt-maart