
An desem achtsamkeetsbaséierten Outdoorcours gi mer an d´ Natur. D´ Natur bidd eis geeschteg a kierperlech vill méi, wéi daat, waat mer gesin. Naturgeräischer, Gerëch, Planzen awer doriwer eraus och Botenstoffer, déi eisen Immunsystem stäerken an eis jidderzäit gratis zur Verfügung stin.
E natiirlecht Emfeld aktivéiert eise Parasympathikus, deen Deel vun eisem vegetativen Nervensystem, dee fir de Stoffwechsel, Regeneratioun an Entspaannung zoustänneg ass.
Am Verlaaf vun desem achtsamkeetsbaséierten Cours erliewe mer, wat mer zu all Moment bewosst maache kënnen, fir an engem natiirlechen Emfeld oofzeschalten a gestäerkt, inspiréiert an ausgeglach an den Alldag zreck ze goen.
Wéini a Wou?
Donneschdes, den 21. August 2025 vun 18.30-20.00 Uhr (in der Géigend vun Gréiwenmaacher, Detailer gin de Participants mat Mail e puer Deeg virdrun matgedeelt)
Zum Ooflaaf:
– Eng locker Wellkommensronn
– Achtsamkeitsübungen an der Natur
– Geféierte Meditatioun zum Thema Aktivéierung vun eiser ennerer Kraaft
– Austausch
Zielgrupp:
De Cours riicht sech un all Persounen ab 16 Joer, déi in aller Offenheit erfuere wellen, wéi ee mat mit achtsamkeitsbaséierte Praktiken an der Natur entspaannen a lasloosse kann.
Fir weider Froen mell Dech mat enger Nooriicht um +352 691 83 69 70 oder un .
Umdeldungen laafen online iwer mäi Site: mentaltraining.lu