Critical Mass Dudelange – Velo

Critical Mass Dudelange - Velo

Critical Mass Dudelange – Velo

Velo Diddeleng
27/04/2024    
Dudelange
Dudelange (Lu)
  • divers

VELO Diddeleng rifft zur 4. “Critical Mass” an eiser Heemechtsstad op!
27.04.2024 um 15:00 Auer. (Place “Am Duerf”)
Bei dësem gemeinsamen Tour vu +/- 8 km duerch Diddeleng geet et virun allem drëms eis Stroossen aus der Siicht vum Vëlosfuerer ze entdecken. Mir wëlle weisen, datt de Vëlo seng Plaz am ëffentleche Raum verdéngt.
Jiddereen (Jonk, Al, Vëloe mat Unhänger, E-Bike, Fixie, Tandem, …) ass Wëllkomm sech unzeschléissen. Den Tempo wäert esou sinn, datt jiddereen matkënnt.
Bei dësem Tour steet Konzept vun enger „Critical Mass“ am Virdergrond:
https://de.wikipedia.org/wiki/Critical_Mass_(Aktionsform)
• D’Stroosse wäerten net fir de Verkéier gespaart sinn, sou datt de Code de la Route vu jidderengem muss befollegt ginn. Mär bleiwen all beieneen a wäerten ee grousse Convoi iwwert dee ganzen Trajet sinn
• Mir recommandéiere en Helm unzedoen
• Jiddereen fiert op seng eegen Verantwortung mat.
Zesummen wëlle mir e flotten Tour fueren a Freed um Vëlofueren hunn!
Sidd derbäi an hutt Spaass!

https://www.provelo.lu/mediastore/pictures/536_picture_2936175c9353880e8336d70c0f0a664e.png


Organisateur et/ou animateur: Velo Diddeleng
Dudelange Dudelange (Lu)