Dës Atemrees ass eng einfach a gläichzäiteg ganz effektiv Manéier, fir däi Nervesystem erëm an den Ausgläich ze bréngen. Mat bewosstem Otem kanns du e Stéck wäit ewech vum Stress vum Alldag kommen an eng déif Rou an bannenzeg Stabilitéit erliewen.
Den Otem ass e wäertvollt Instrument, dat mir all ëmmer bei eis droen. An dëser Session benotze mir verschidden Otemtechniken, déi ausbalancéierend a berouegend op den Nervesystem wierken. Si hëllefen dir, däi Geescht ze berouegen, däi Kierper méi bewosst ze spieren an erëm méi a Verbindung mat dir selwer ze kommen.
D’Breathwork Journey ass Zäit, déi’s du dir ganz bewosst fir dech selwer hëls – fir kuerz stoen ze bleiwen, lasszeloossen an nei Energie ze sammelen. Vill Leit erliewen wärend der Atemrees e Gefill vu Rou, Kloerheet an enger méi déifer Präsenz.
Nieft der gemeinsamer Otemsession léiers du och einfach Otemtechniken kennen, déi’s du dono och am Alldag kanns benotzen – zum Beispill a stresseg Momenter oder wann’s du dir bewosst eng kleng Paus wëlls ginn.
Wat dech erwaart:
Dauer: ca. 1,5 – 2 Stonnen
Eng kuerz Aféierung an d’Otemaarbecht an eng Virbereedung op d’Session
Eng guidéiert Otemrees mat verschiddenen berouegenden an ausbalancéierenden Otemtechniken
Zäit fir nozespieren an d’Erfarung ze integréieren
Méiglech Wierkungen vun der Atemrees:
Deng Gedanken kënnen sech berouegen
Den Nervesystem kann sech entspanen
Du verbënns dech méi bewosst mat dengem Kierper
Stress an bannenzeg Onrou kënnen no an no noginn
Gefiller vu Rou, Kloerheet an bannenzeger Stäerkt kënnen entstoen
Kierper a Geescht kréien Zäit fir sech ze regeneréieren
Viraussetzungen
Fir matzemaachen, ass kierperlech a mental Gesondheet wichteg. Bei verschiddene gesondheetleche Situatioune kann Breathwork net oder nëmme limitéiert gëeegent sinn. Informatiounen zu méigleche Kontraindikatioune kriss du gär op Nofro.


