
Entspaanungs- a Meditatiounscours zu Gréiwemaacher
Donneschdes Owes vun 18.30 – 19.45 Auer zu folgenden Datumer: 9.10.25 + 23.10.25 / 30.10.25 / 06.11.25
Ech lueden Dech heimatt ganz häerzlech op 4 achtsamkeetsbaséiert Entspaanungs- a Mediatiounsnometteger a menge Praxisräimlechkeeten zu Gréiwemaacher an.
All Cours ass engem speziellen Thema gewidmet, d´Meditatiounen hun zum Ziel Dech mat Dengem ennere Kär ze verbannen – déi Plaaz, wou´s Du Kraaft an Äntwerte fenns. Inhaltlech beschäftege mer eis och mat der Integratioun vun Achtsamkeet an eisen Alldag.
Wanns Du Loscht op entspaante Momenter mat gläichgesënnte Leit hues, fréen ech mech iwer Deng Umeldung.
Zousätzlech Informatiounen fenns Du op mengem Site, gläichzäiteg kanns Du och hei Deng Plaaz fir de Cours buchen:
Mat entspaante Gréiss vu Maacher,
Marie-Anne