Unaufhaltsam beginnt innen. Selbstwert, Kloerheet an Erfolleg – Aktivéierend & transforméierend
Heiansdo spiere mir déif an eis drann, datt nach méi an eis stécht. Méi Potenzial, méi Kraaft, méi Méiglechkeeten. An trotzdeem geschitt et, datt mir eis selwer zréckhalen.
Vläicht hues du vill Iddien, fills dech a verschiddene Beräicher wuel an hues och schonn Erfolleger erlieft. An awer bleift heiansdo dat Gefill, datt s du net alles weiss, wat wierklech an dir ass. Vläicht hälls du dech zeréck, wann eng Chance sech ubidd, oder du zweifels un dir selwer, obwuel et keen ersichtleche Grond dofir gëtt.
Wann’s du dat an dir erkenns, ass dat schonn e wichtege Schrëtt. Et weist, datt s du no bannen lauschteres an datt eppes an dir bereet ass, sech weider z’entwéckelen.
An dëser Transformational Breathwork Journey benotze mir eng aktivéierend Atemtechnik, déi den Nervesystem bewosst stimuléiert. Duerch den Otem kanns du méi déif mat dir selwer a Kontakt kommen, al Selbstzweifel erkennen an nei Kloerheet iwwer dat entwéckelen, wat fir dech wierklech wichteg ass.
Nom aktive Deel vun der Atemrees kënnt de Kierper an eng Phase vun déifer Entspanung. Hei kann dat Erlieft sech setzen an integréieren. Vill Leit erliewen dobäi e Gefill vu méi Kloerheet, Selbstvertrauen an enger méi staarker Verbindung mat hirem eegene Potenzial.
Dës Journey kann dech dobäi ënnerstëtzen, deng bannenzeg Kraaft erëm méi bewosst ze spieren – an deng Schrëtt mat méi Vertrauen an dengem eegene Wäert ze maachen.
Wat dech erwaart:
* Eng kuerz Aféierung an d’Atemaarbecht an eng Virbereedung op d’Session
* Eng aktivéierend Atemtechnik, déi den Nervesystem stimuléiert
* Eng Phase vun déifer Entspanung nom aktive Deel
* Zäit fir nozespieren an d’Erfarung ze integréieren
Wierkungen vun der Atemrees:
* Méi Kloerheet iwwer deng Ziler a Wënsch
* Méi Verbindung tëscht Kierper a Geescht
* Al Selbstzweifel ginn erkannt a no an no geléist
* Däi Selbstvertrauen gëtt gestäerkt
* Méi Zougang zu dengem eegene Potenzial
Praktesch Informatiounen:
Dauer: 1,5 – 2 Stonnen
Material: gëtt op der Plaz zur Verfügung gestallt
Präis: 100 €
Umeldung: Du kanns dech iwwer Doctena.lu oder per Email umellen:
Nom Umellen kriss du eng Confirmatioun iwwer Doctena. Weider Informatiounen zur Session kriss du virun der Séance per Email geschéckt.
Viraussetzungen: Fir matzemaachen ass kierperlech a mental Gesondheet wichteg. Bei verschiddene gesondheetleche Situatioune kann Breathwork net oder nëmme limitéiert gëeegent sinn. Informatiounen zu méigleche Konterindicatioune kriss du gär op Nofro.


