Transformational Breathwork Journey

Transformational Breathwork Journey

Transformational Breathwork Journey

Nicole Goetz
04/05/2026    
18:30 – 20:30
Junglinster "An der Scheier"
7, route de Luxembourg, Junglinster, 6130 (Lu)
  • atelier / stage

The Reset. Dein innerer Neustart. – Aktivierend & transformierend

Heiansdo kënnt am Liewen de Moment, wou mir spieren, datt eppes net méi richteg passt. Dat kann mat Bezéiungen ze dinn hunn, mat der Aarbecht oder mat bestëmmte Liewensëmstänn. Heiansdo ass et awer och einfach eng Aart a Weis, wéi mir eist Liewen bis elo gelieft hunn, déi sech net méi stëmmeg ufillt.

Wann’s du un dëser Journey deelhëls, hues du bewosst decidéiert, dir Zäit ze huelen, fir méi déif bei dech selwer ze kucken. D’Otemaarbecht kann dech dobäi ënnerstëtzen, no bannen ze lauschteren an méi kloer ze spieren, wat an dengem Liewen nach passt – an wat vläicht bereet ass, sech ze veränneren.

An dëser Transformational Breathwork Journey benotze mir eng speziell Otemtechnik, déi den Nervesystem aktivéiert. Duerch dëse Prozess kanns du méi déif an deng bannenzeg Erfarung erakommen an dengem Kierper erlaben, Gefiller oder Spannungen no an no lasszeloossen.

Nom aktive Deel kënnt de Kierper an eng Phase vun déifer Entspanung. Hei kann dat Erlieft sech setzen an integréieren. Vill Leit erliewen dobäi e Gefill vu Kloerheet, Rou oder engem neie Bléck op hir Situatioun.

Dës Atemrees kann en éischte Schrëtt sinn, fir bewosst e Reset ze maachen – fir Kierper a Geescht erëm méi an den Ausgläich ze bréngen.

Wat dech erwaart:
Eng kuerz Aféierung an d’Atemaarbecht an eng Virbereedung op d’Session
Eng intensiv, aktivéierend Atemtechnik
Eng Phase vun déifer Entspanung nom aktive Deel
Zäit fir nozespieren an d’Erfarung ze integréieren

Méiglech Wierkungen vun der Atemrees:
Méi Verbindung tëscht Kierper a Geescht
Nei Perspektiven op deng aktuell Liewenssituatioun
Gefiller vu Rou a Kloerheet entstinn
Emotional Spannungen huelen no an no of
Negativ Gedanke oder Gefiller ginn lassgelooss

Praktesch Informatiounen:
Dauer: 1,5 – 2 Stonnen
Material: gëtt op der Plaz zur Verfügung gestallt
Präis: 100 €
Umeldung: Du kanns dech iwwer Doctena.lu oder per Email umellen:

Nom Umellen kriss du eng Confirmatioun iwwer Doctena. Weider Informatiounen zur Session kriss du virun der Séance per Email geschéckt.

Viraussetzungen: Fir matzemaachen ass kierperlech a mental Gesondheet wichteg. Bei verschiddene gesondheetleche Situatioune kann Breathwork net oder nëmme limitéiert gëeegent sinn. Informatiounen zu méigleche Konterindicatioune kriss du gär op Nofro.


Organisateur et/ou animateur: Nicole Goetz
Contact :
Junglinster "An der Scheier" 7, route de Luxembourg, Junglinster, 6130 (Lu)