Vergaangenes lassloossen – Aktivierend & transformierend
„Wenn du fliegen willst, musst du die Dinge loslassen, die dich herunterziehen.“
— Toni Morrison
Fir am Liewen weider ze kommen, ass et heiansdo néideg, Saachen aus der Vergaangenheet lasszeloossen. Erfarungen, Gefiller oder al Glawenssätz kënnen onbewosst nach ëmmer an eis wierken an eis am Alldag beaflossen. Wann mir léieren, se bewosst unzekucken an no an no lasszeloossen, entsteet Raum fir méi Liichtegkeet a Fräiheet.
An dëser Transformational Breathwork Journey schafe mir e séchere Raum, an deem du dech duerch däin Otem méi déif mat dir selwer verbënne kanns. Eng speziell Atemtechnik aktivéiert den Nervesystem a kann dozou bäidroen, déifsëtzend Emotiounen oder Musteren ze erkennen an ze veraarbechten.
Heiansdo hu mir schonn vill probéiert – Gespréicher, Reflexioun oder aner Methoden – an trotzdem bleift e Gefill, datt nach eppes net opgeléist ass. D’Atemaarbecht kann dech dobäi ënnerstëtzen, och déi méi déif Schichten an dengem Ënnerbewosstsinn z’erreechen.
No der aktiver Atemphase kënnt de Kierper an eng Phase vun déifer Entspanung. Hei kann dat Erlieft sech setzen an integréieren. Dës Erfahrung kann dech dobäi ënnerstëtzen, al Geschichten no an no hannert dir ze loossen an neie Raum fir däi Liewen ze schafen.
Wat dech erwaart:
* Eng kuerz Aféierung an d’Atemaarbecht an eng Virbereedung op d’Session
* Eng intensiv, aktivéierend Atemtechnik
* Eng Phase vun déifer Entspanung nom aktive Deel
* Zäit fir nozespieren an d’Erfarung ze integréieren
Méiglech Wierkungen vun der Atemrees:
* Déif Selbsterfarung an eng méi bewosst Verbindung mat dir selwer
* Méi Verbindung tëscht Kierper a Geescht
* Ënnerdréckt Gefiller kënnen sech weisen an no an no léisen
* Gefiller vu Fräiheet a Liichtegkeet kënnen entstoen
* Däi Selbstvertrauen kann gestäerkt ginn
* Al Musteren oder Geschichten kënnen no an no lassgelooss ginn
Praktesch Informatiounen:
Dauer: 1,5 – 2 Stonnen
Grupp: maximal 6 Persounen
Material: gëtt op der Plaz zur Verfügung gestallt
Präis: 100 €
Viraussetzungen: Fir matzemaachen ass kierperlech a mental Gesondheet wichteg. Bei verschiddene gesondheetleche Situatioune kann Breathwork net oder nëmme limitéiert gëeegent sinn. Informatiounen zu méigleche Konterindicatioune kriss du gär op Nofro.


