Transformational Breathwork Journey

Transformational Breathwork Journey

Transformational Breathwork Journey

Nicole Goetz
21/07/2025    
18:30 – 20:00
Junglinster "An der Scheier"
7, route de Luxembourg, Junglinster, 6130 (Lu)
  • séance

Transformational Breathwork Journey
Thema: Fräi si vun Angscht a Stress

„Béiss op d’Zänn“, „Dat hues du falsch gemaach“, „Dir kann een awer och neischt an d’Hand ginn“.
Kenn Dir esou Aussoen? Dës Aussoen, ob se elo vun Elteren, Grousselteren, Léierpersonal oder anere Bezuchspersoune kommen, sinn oft déif an eis dran gespeichert. Et sinn Glawenssätz déi Angscht a Stress ausléisen a perséinlechen Wuesstum verhënneren.

Dës Transformativ Ootemrees (Transformational Breathwork Journey) leet de Fokus drop, dës Glawensätz a Gefiller opzeléisen an duerch dech ënnerstëtzend Glawenssätz a Gefiller ze ersetzen.

  • Du otems wärend ongeféier 45 Minutten
  • Mir benotzen hei eng speziell Otemtechniken déi bewosst ropreguléierend op de Nervesystem wierkt fir kënne méi déif Erfarungen ze erliewen.
  • No der Aktivéierung fënnt de Kierper zu déiwer Entspanung
  • Du verbënns Kierper a Geescht mateneen
  • Negativ Gefiller a Gedanke gi geléist
  • Dat ass den éischte Schrëtt fir e Liewen a Fräiheet, Freed a voller Motivatioun

Grupp: Max. 6 Persounen
Präiss: 90€
Umeldung: Iwwer mäin Internetsite oder mell dech per Email.
Viraussetzungen: 
Kierperlech a mental Gesondheet (Infoe iwwer konkret Konterindicatioune bei Interessen)
Weider Informatiounen kriss du no der Umeldung.

 


Organisateur et/ou animateur: Nicole Goetz
Contact :
Junglinster "An der Scheier" 7, route de Luxembourg, Junglinster, 6130 (Lu)