Actualités : projet de film
Eng Äerd - Lokal Initiative fir een zukunftsfäegt a klimafrëndlecht Lëtzebuerg
(FR plus bas)
De Film « Eng Äerd - Lokal Initiative fir een zukunftsfäegt a klimafrëndlecht Lëtzebuerg » weist Projeten hei zu Lëtzebuerg, déi konkret eppes änneren andeems se Léisungen op di ökologesch, ekonomesch a sozial Krise proposéieren. De Film gëtt deene Mënschen eng Stëmm di sech Suerge maachen iwwert den Zoustand vun eisem Planéit a vermëttelt eng positiv a konstruktiv Erfarung, mat der Iddi, dat di Welt vu MUER schonn ënnerwee ass, dat et lokal Léisunge ginn ajidderee säin eegene Bäitrag maache kann.
De Film weist Portraite vu Lëtzebuerger Initiative bei deenen d’Wuel vum Mënsch an der Ëmwelt eng Bedeitung hunn: nei Forme vu Landwirtschaft déi eis Biedem net zerstéieren, Leit déi sech fir méi Matbestëmmung, Kohäsioun a Solidaritéit an der Gesellschaft asetzen, Mënschen déi alternativ Forme vu Wunnen, Schaffen a Mobilitéit ausprobéieren, Regionalwärungen déi de lokalen Handel lieweg halen, Energieproduktioun déi klimaneutral ass an net vu grousse Konzerner gesteiert gëtt, Entreprisen déi mat manner Ressourcen an Offall auskommen, …
Aluedung zum Matmaachen: Maacht Dir iech Suergen iwwert den Zoustand vun eiser Welt an hutt eng Iddi wat een ännere kënnt? De Film ENG ÄERD wëll e Forum si, wou jiddereen sech abrénge kann. E mobille Studio gëtt fir den Zweck vum Film op verschiddene Plazen opgeriicht a bitt Iech eng Méiglechkeet iech anzebréngen. Kommt einfach laanscht an erzielt eis wat Iech beweegt! Op dëser FB Säit gitt Dir informéiert iwwert Daten a Plaze wou gedréit gëtt : https://www.facebook.com/engaerd/
Nächsten Termin: dëse Sonnden Nomëtten 19.08.2018 um Kolla Festival zu Stengefort. Komm tëschent 15:00 an 19:00 an eise mobile Studio an erziel eis wat Dech beweegt! Mir freeën eis op Däi Besuch!!
Dëse Film ass eng Zesummenaarbecht vum Centre national de l’audiovisuel (CNA), dem Syndicat Intercommunal „De Réidener Kanton“ an dem Center for Ecological Learning (CELL), Transitioun Lëtzebuerg, mat der Ënnerstëtzung vum Nohaltegkeetsministère (MDDI).
--------------------------------------------
Le Film « Une Terre – des initiatives du Luxembourg qui protègent la planète et le climat » montre des projets qui à ce jour existent déjà au Luxembourg et amènent un vrai changement en proposant des solutions face aux crises écologiques, économiques et sociales. Le film donne une voix aux personnes qui se préoccupent de leur planète, et transmet une expérience positive et constructive, avec l’idée que le monde de DEMAIN est en marche, des solutions existent localement et faire sa part à son échelle, c’est possible.
Le film montre des portraits d’initiatives positives situées au Luxembourg qui se préoccupent du bien-être de la personne et de la planète, dans les domaines de l’alimentation, de l’énergie, de l’économie, de l’habitat, du transport, de la participation citoyenne, et de l’éducation.
Invitation à participer : Vous êtes inquiets de l’état de la planète et vous avez une idée quels changements on peut amener ? Le film ENG ÄERD (« une planète ») se veut un forum dans lequel chacun peut s’exprimer. Un studio mobile sera monté à différents endroits et vous donne la possibilité de vous exprimer. Venez nous voir et racontez nous ce qui vous motive ! Sur cette page FB vous serez informés des dates et endroits de tournage : https://www.facebook.com/engaerd/
Prochaine date : ce dimanche 19.08.2018 au Kolla Festival à Steinfort. Viens entre 15h et 19h dans notre studio mobile et raconte-nous ce qui te motive !
Ce film est une collaboration du Centre national de l’audiovisuel (CNA), du Syndicat Intercommunal du Canton de Redange (SICR) et du Center for Ecological Learning (CELL), Transition Luxembourg, avec le soutien du Ministère de l’environnement (MDDI).